Wéivill Grondakommes soll jideree kréien ?

An der  Definitioun steet:
Das Grundeinkommen soll die Existenz sichern und gesellschaftliche Teilhabe ermöglichen.

D'Héicht

  • ass an all Land anescht an un d'Liewenshaltungskäschten ugepasst
  • get regelméisseg ugepasst fir d'Entwécklung vun de Preiser an aner Ännerungen ze berücksichtigen
  • e Kand krit a priori manner wéi en Erwuesenen.

D'Regelen sollen einfach an onbürokratesch sin.
E vun den Objektiver vum Grondakommes ass eng Reduzéirung vun der Bureaukratie.
Et ass kee Problem wa verschidde Leit "zevill" kréien an e bessche Geld spuere kënnen oder ...

Den demokrateche Prozess fir de Betrag ze bestëmmen ass wichteg well do interessant Froen ganz explizit diskutéiert gin

  • Wat ass "Luxus" ? Wat brauch e fir menschewürdeg ze liewen ?
  • Wat si Bedürfnisser déi iwert d'Iwerliewen eraus gin ? Z.B. Kultur, Politik, ...
  • Si mir bereet grousszügeg ze sin, an am Zweifelsfall e relativ héicht Grondakommes ze bezuelen ?

Och wann d'Ziel ass d'Existenz ofzesecheren an um Liewen vun eiser Gesellschaft (Kultur, Politk, ...) deelzehuelen
ass et awer méiglech während enger Iwergangszeit e Betrag ze bezuelen, den d'Bedürfnisser nëmmen deelweis deckt.

Souguer en ze nidrëgen Betrag huet schon Viirdeeler

  • Méiglechkeet manner wéi 40 Stonnen ze schaffen oder eng schlecht bezuelten Arbecht déi e gär mecht, wou en eppes léiert, déi sënnvoll ass, ...
  • Vereinfacht Studien. Et muss en opstocken mat gespuertem Geld, Zouschëss fir Studenten, Vakanzenjobs, ...
  • +- déi selwecht Viirdeeler wéi e komplett Grondakommes mee mat Aschränkungen.

D'Grondakommes ersetzt vill aner Zorten vun Akommes oder Hëllefen (deelweis oder ganz).
Allerdings mussen Hëllefen bleiwen déi spezifesch potenziell héich Käschten ofdecken. Z.B. diirfen d'Krankekeess oder d'Pflegeversecherung nët ofgeschaf gin.

 

FaLang translation system by Faboba