Verschidde Modeller

Et gët vill Viirschléi a Modeller fir d'Grondakommes an der Praxis anzeféieren (an ze finanzéiren).

Déi meescht (a wichtegst) Viirdeeler an Argumenter sinn onofhängeg vum jeweilige Modell vu Grondakommes.

Verschidde Viirdeeler sinn nëmmen do, wann de Staat d'Grondakommes bezillt a nët de Patron (weder direkt nach indirekt).

Et kéint en z.b. d'Grondakommes iwert eng relativ héich Konsumsteier finanzéieren (nët d’Arbecht mee de Konsum besteieren).

„Kéng Bedingung“ ass vill méi einfach!

Méi einfach Gesetzer a Viirschrëften ! Manner Bureaukratie !

Freistellen vun Beamten fir méi sënnvoll Tätegkeeten zum Wuel vun de Bierger.

Besonnesch, wann en et mat der Steierreform kombinéiert (nët d’Arbecht mee de Konsum besteieren). Eng einfach Steier ass vill méi einfach wéi vill verschidde (komplizéiert) Steieren.

Doduerch méi Dynamik an der Wirtschaft.

D’Arbecht gët méi belleg fir de Patron

De Patron bezillt e Supplément zum Grondakommes. Da kann e Matarbechter fir z.B. 500 € / Mount schaffen an trotzdem gudd liewen.

Eis Betriiber gin méi kompetitiv / Ausland (e.a. Asien)

Duerch d'Grondakommes gin d'Personalkäschten reduzéiert.

Dest ass besonnesch wichteg fir Servicer an arbechtsintensiv Produkter.

Förderung vum Entrepreneurship

Wann meng Famill an ech duerch d'Grondakommes ofgeséchert sin, kann ech méi liicht de Risiko agoen e neien Betriib ze grënnen.

Wann ech e gudde Projet hun fannen ech Leit déi gratis oder fir eng ganz bescheide Paie vir mech (mat mir) schaffen.

Keng Ausbeutung méi duerch d’Patronat, Kapitalisten, …

D’Leit musse nët schaffen fir anstänneg ze liewen an akzeptéire kéng schlecht Arbechtsbedingungen.

De Patron muss seng Leit motivéiren dat si fir hien schaffen.

Méi Flexibilitéit um Arbechtsmarkt

Wann d'Leit duerch d'Grondakommes ofgeséchert sinn, kann de Kündigungsschutz reduzéiert gin. Dann ass et méi liicht fir de Betriib Leit anzestellen.

Wann meng Famill an ech duerch d'Grondakommes ofgeséchert sin, kann ech méi liicht de Risiko agoen fir d'Arbechtsplatz ze wiesselen.

Méi Betriiber wärten hire Leit ubidden, vun doheem aus ze schaffen an esou vill Zeit ze spueren. De Patron muss sénge Leit gudd Arbechtsbedingungen bidden, fir dat si fir e (klénge) Supplément zum Grondakommes fir hien schaffen.

Et gët méi einfach eng länger Formatioun ze machen fir e neie Beruf ze léieren (well e jo duerch d'Grondakommes ofgeséchert ass).

Leit déi gratis wertvoll Arbecht leeschten hun och en Akommes

E.a. Leit, déi séch a Vereiner engagéiren (Sport, Musik, Emwelt, Entwéklungshëllef, …) oder Fraen/Männer déi op eng bezuelten Arbecht verzichten fir séch besser em d'Famill / d'Kanner ze këmmeren.

Méi Freiheet fir d’Leit.

E (neit) Studium ufänken, wann e schon e Stoot gegrënnt huet.

E puer Méint oder Joren ze pausen, wann en „ausgebrannt“ ass oder schwéier Schiksalsschléi verdaue muss.

E puer Méint oder Joren doheem bei klénge Kanner, Invaliden oder ale Leit bleiwen fir séch besser em si ze këmmeren.

E Kënschtler, Journalist, Philosoph, Weltverbesserer, … ka frei schaffen ouni parallel fir en Akommes mussen ze suergen.

Fortschrëtt vun eiser Kultur

Et gëtt vill méi einfach e (neit) Studium unzefänken och wann e schon eng Famill huet.

E Kënschtler, Journalist, Philosoph, Fuerscher, Weltverbesserer, … ka frei schaffen ouni parallel fir en Akommes mussen ze suergen.

„Bio“-Produkter gi méi bëlleg

Biologesch Landwirtschaft ass arbechtsintensiv a profitéiert dovun, dat d’Arbecht méi bëlleg gët.

D’Krankekees gët entlascht

D’Arbecht gët méi bëlleg an domat och déi arbechtsintensiv Servicer am Gesondheetssektor.

D’Leit musse kéng schlecht Arbechtsbedingungen méi akzeptéiren. Doduerch gëtt et manner Krankheeten duerch Stress, ongesond Arbechtsbedingungen, …

Präventioun (arbechtsintensiv) gët méi bëlleg wéi Pëllen.

Bio-Produkter (arbechtsintensiv) gi méi kompetitiv an ersetzen e méi groussen Deel vun klassecher ongesonder Ernährung.

De Problem vun der Rentemauer gët entschärft.

Déi al Leit kréie schon e Grondakommes. D’Pensiounskees muss nëmmen e (klénge) Supplément bezuelen.

Al Leit gi wahrscheinléch méi lang schaffen, well

  • D’Patronat muss gudd a flexibel Arbechtskonditiounen ubidden fir Arbeitnehmer unzelackelen, déi fir e klénge Supplément zum Grondakommes schaffen. Doduerch fannen och eeler Leit akzeptabel Arbechtsplatzen.
  • Al Leit brauche nët ze färten, jonke Leit d’Existenzgrondlag (d’Arbecht) weg ze huelen (well déi jonk Leit jo e Gondakommes hun).
  • Si verléieren d'Grondakommes nët wann si eng bezuelten Arbecht unhuelen.

D’Leit gin nët negativ ofgestempelt

Jiddereen kritt d’Grondakommes. Dat ass dann eppes positives a normales.

Leit déi RMG oder ähnleches kréien gin gär ofgestempelt (Almosen-empfänger, Schmarotzer, …). Si hun et duerno ganz schwéier nach eng Arbechtsplatz ze fannen.

Keng illegal Immigrante méi

Si wëllen och d’Grondakommes (a bleiwen duerfir nët an der Illegalitéit)

Si si nët kompetitiv par rapport zu denen, déi d'Grondakommes kréien a just fir e Supplément schaffen.

D’Kriminalitéit gët reduzéiert

Et muss keen klaue goen fir séng Grondbedürfnisser ze erfëllen.

Zu Lëtzebuerg ass dat rar. Et falen awer sécher Leit duerch dat komplizéiert, bureaukratescht Sozial-Netz.

Déi arbechtsintensiv Präventioun gët méi bëlleg a kann doduerch ausgebaut gin.

Praktesch Erfahrung

Vill Grondakommes Projekter weisen, dat déi klassesch Virurteeler nët berechtegt sin an d'Grondakommes weit gefächert positif Effekter huet.

Linken zu Pilotprojekter.

Et ass e Grondrecht (Charta vun de Grondrechter UNO)

Point de départ: l'article 25 de la Déclaration universelle des droits de l'Homme:

«Toute personne a droit à un niveau de vie suffisant pour assurer sa santé, son bien-être et ceux de sa famille, notamment pour l'alimentation, l'habillement, le logement, les soins médicaux...».

Ce sont bien les États membres de l'ONU qui ont pris cet engagement

FaLang translation system by Faboba