Mir brauchen et nët

Mir hu jo schon RMG, Chômage, Mindestloun, Kannerbonus, …

🙂 D'Grondakommes huet wichteg Viirdeeler (Cf. Seit Argumentatioun/Viirdeeler)

Mir gin nëmmen denen, déi et wierklech brauchen (sozial Selektivitéit)

En, dee schon e gudd Akommes huet brauch nët nach Suen vum Staat ze kréien.

Dat wier och vill méi liicht ze finanzéiren.

🙂 E bedingungslost Grondakommes fir jiddereen huet wichteg Viirdeeler (Cf. Seit Viirdeeler).

🙂 Et kann en aner Geldflëss entspriechend reduzéiren. Z.b. RMG get ersat duerch d'Grondakommes, Renten a Paien vu Staatsbeamten gin em de Montant vum Grondakommes gekiirzt, de Patron dierf d'Paie em de Montant vum Grondakommes kiirzen, ..

🙂 Wann en RMG oder Chômage kritt ass et onrentabel eng schlecht bezuelten Arbecht unzehuelen well den RMG / Chômage direkt reduzéiert gët, sou dat e netto neischt oder bal neischt dovun huet dat en erem schaffe geet. D'Grondakommes kritt en integral weider och wann en eng bezuelten Arbecht unhëlt.

Et wier nët ze bezuelen

🙂 Et gëtt verschidde Modeller fir et ze finanzéiren.

🙂 Et muss en d'Erspuernisser berücksichtigen déi duerch d'Grondakommes méiglech gin.

🙂 D'Grondakommes huet e positiven Impakt op d'Wirtschaft an domat op d'Gesamtakommes.

🙂 Déi meescht Leit géinge nët (wesentléch) méi Geld kréien wéi haut (wann en aner Geldflëss entspriechend reduzéiert).

🙂 D'Grondakommes huet ganz wichteg Viirdeeler. Dat dierf och eppes kaschten.

🙂 Et kann en d'Grondakommes progressiv aféieren. Z.b. Montant progressiv erop setzen oder no Zielgruppen (Invaliden, RMG-Empfänger, Arbechtsloser, Kanner, Studenten, Pensionären, ...). Da gesinn d'Leit dat den Impakt op d'Finanzen vum Staat kléng a vlaicht souguer positiv ass.

Da géing bal kee méi schaffen

🙂 D'Leit machen haut schon méi onbezuelten Arbecht wéi bezuelten Arbecht (Arbecht doheem, Arbecht a Vereiner, ...). D'Paie ass nët den eenzege Grond fir ze schaffen.

🙂 Déi meescht Leit sin haut nët mam Minimum zefridden. Wann si d'Grondakommes kréien, wëllen si och nach méi an dat geet normalerweis iwer bezuelten Arbecht.

🙂 Bei Emfroen soen déi meescht Leit, dat si och nach géingen schaffen, wa si e Grondakommes hätten.

🙂 Leit déi keng bezuelten Arbecht méi géingen unhuelen, géingen awer zum gréissten Deel nëtzlech Arbecht leeschten (doheem, a Vereiner, Konscht, Fuerschung, Politik, ...).

🙂 Duerch den technologesche Fortschrëtt brauche mer emmer manner Leit fir genuch ze produzéiren.

🙂 Leit déi freiwelleg schaffen sin motivéiert. Si kréien vum Chef gut Arbechtsbedingungen. Doduerch geet d'Produktiviéit erop. Dann brauche mir manner Arbechtsstonnen fir genuch ze produzéiren.

🙂 Haut si vill Leit demotivéiert a maache schlecht Arbecht. Si hun eng schlecht (negativ ?) Produktivitéit. Et wier gut wa si géingen hir aktuell Arbecht opgin a eppes maachen wat si gut kënnen a wat hinnen Freed mecht.

🙂 Leit, déi mam Grondakommes auskommen, konsuméiren manner a schounen doduerch d'Emwelt.

Dat ass Kommunismus ?

 

De Kommunismus as gescheitert duerch

  • Absolut Muecht vun de "Vertrieder vum Vollek"
  • Iwermächteg Bureaukratie
  • Ennerdrékung vun Initiative a Freiheet

D'Grondakommes ass vill besser wéi Kommunismus

  • D'Initiative vum eenzelen get erliichtert
  • Jiddereen kann esou vill derbei verdéngen wéi e well
  • Bedingungslost Grondakommes reduzéiert d'Bueaukratie
  • D'Grondakommes mecht d'Leit frei

Sozialtourismus

🙂 De Problem hu mir och elo schon. Déi aktuell Léisungen géingen och an Zukunft wirken.

🙂 Et wier gudd, d'Grondakommes gleichzeiteg an alle Länner vun der EU anzeféieren. Wann et an der EU gudd funktionéiert, féiren déi aner Länner et och séier an.
   Oder fir d'éischt an den arme Länner aféieren.

🙂 Et wier gudd d'Grondakommes als Modell fir Entwëcklungshëllef ze förderen. Cf Pilotprojekt a Namibia.

Neid

Dat ass schlussendlech de gréisste Problem.

Bal jidderee kennt Menschen déi d'Grondakommes nët solle kréien (de Noper, d'Auslänner, déi lidrech Jugendlech, d'Kapitalisten, Leit déi nach nie "geschafft" hun, ...).
Dowéinst ass e bedingungslost Grondakommes inakzeptabel.

Well dat awer kee "gut" Argument ass, fënnt en aner (Schein-)Argumenter firwat e géint d'bedingungslost Grondakommes ass.

Eng negatif Steier ass besser

Eng negativ Steier finanzéiert nëmmen d'Differenz zum Grondakommes. Dat kascht vill manner an ass méi liicht anzeféieren. Doduerch eliminéire mir d'Armut.

De Problem vun der Léisung ass, dat et onrentabel gët Arbechten ze akzeptéiren bei denen e nët wesentléch méi verdéngt wéi d'Grondakommes. D'negativ Steier mecht d'Schwaarzarbecht ganz attraktiv.

Beim bedingungslose Grondakommes huet en eppes vun all bezuelter Arbecht well d'Grondakommes nët reduzéiert gët wann e Suen verdéngt.

D'bedingungslost Grondakommes huet nach eng Reih vun anere Viirdeeler / negativ Steier (cf Seit Viirdeeler) wéi Reduzéirung vun der Bureaukratie, positiven Effekt op eis Wirtschaft, ...

FaLang translation system by Faboba